top of page

PETITIOUN 1516

GRAD SOU WÉI DE SCHOULDOKTER SOLL E PSYCHOLOG ALL ZWEE JOER AN D'SCHOULE KOMMEN. 

D'Ziel vun der Petitioun

Déi psyschesch Gesondheet ass mindestens genausou wichteg, wéi déi physesch.

Dofir soll e Schüler, deem et net gutt geet mat engem schwätzen a sech engem uvertraue kënnen. Mee fir dat kennen ze maachen, muss hien sech selwer iwwerwannen an dat ass e grousse Schrëtt, deen vill Leit leider net maachen. D'Essenz vun dëser Petitioun ass déi, datt e Psycholog soll, genausou wei de Schouldokter all zwee Joer an d'Schoule goen an do de Schüler nolauschteren.

All Schüler wier 20 Minutten eleng mat dem Psycholog an hätt dann déi Zäit fir him sech entweder unzevertrauen oder net. Doduerch, datt de Psycholog bei si kennt, amplaz datt si bei hien musse goen, wéi et momentan ass, ass déi Hemmschwell vum Iwwerwannen quasi fort.

Zum Schluss vun der Consultatioun kritt de Schüler Donnéeë fir ëmmer kennen ausserschoulesch  bei e Psycholog ze goen. Sou soll e betraffene Schüler erkennen, datt et an der Rei ass, fir mat engem doriwwer ze schwätzen, wei et him geet, an datt professionell Leit do sinn, déi engem nolauschteren.

Firwat ass dat gutt?

- D'Ënnerstëtzung vu Schüler, deenen et net gutt geet, och ausserhalb vun der Schoul

- D'Destigmatiséieren vun mentalen Krankheeten duerch Opklärung an Sensibiliséierung

- D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller ze konfrontéieren, amplaz se an sech eran ze friessen

- D'Méiglechkeet fir Schüler, hier Gefiller ze offenbaren ouni Angscht, verurteelt/ausgelaacht ze ginn

- D'Méiglechkeet fir Schüler hier Gefiller engem externen Psycholog unzevertrauen

Sou léiert een och fir spéider, datt et an der Rei ass, fir mat engem ze schwätzen, an datt een dat ëmmer maache kann.

bottom of page