top of page
Anchor 1

"Tout le monde a une chance égale de vivre le bien-être mental tout au long de sa vie, en particulier ceux qui sont les plus vulnérables."

Dëse Saz steet am European Mental Health Plan als éischt Ziel um Plang. Ausserdeem steet och ënnert deenen aneren opgezielten Zieler, datt eng mental Ënnerstëtzung, bzw en mentalen Déngscht ëmmer accessibel, kompetent, disponibel an zougänglech soll sinn. Do sollen déi betraffe Persoune respektvoll, sécher an effektiv behandelt ginn.

Am Plan national de Prévention de suicide (PNPS) gëtt erkläert, datt suizidäert Behuelen als wichtege Problem an der ëffentleche Gesondheet betruecht gëtt.

Lëtzebuerg huet eng Strategie opgestallt, déi net nëmmen em d'Präventioun vum Suizid geet, mee och em d'Präventioun a Behandlung vu mentale Krankheeten. An der Strategie ass et och wichteg, datt géint d'Stigmatisatioun vu mentale Krankheete geschafft gëtt.

A genau dorëms geet des Petitioun.

Am Joer 2017 hunn am Alter vun 0 bis 24 Joer 19 Jugendlecher Suizid begaangen, woubäi et wichteg ass ze wëssen, datt d'"Tentatives de Suicide" bei de Jonken 30 mol méi frequent wéi d'Suiziden u sech ass. Ausserdeem ass de Suizid déi 2. heefegst Doudesursaach bei Jonken zwesche 15 a 24 Joer. Also ass et héich Zäit, datt eppes dogéint gemaach gëtt.

Am Plan national de Prévention du suicide gi 5 Grënn opgezielt, déi zu Depressiounen/Suizid bei Jugendleche féiere kennen. Des Grënn sinn:

  1. Rupture amoureuse

  2. Échec scolaire

  3. Conflit soudain dans la famille

  4. Conflit avec les pairs, humiliation, rejet

  5. Médiatisation du suicide d’une vedette

Mat de meeschte vun deene Saachen, wéi "Conflit avec les pairs, humiliation, rejet", "Rupture amoureuse" an natierlech "Échec scolaire" gëtt ee gréisstendeels an der Schoul konfrontéiert. Wärenddeem Schüler an der Phase vun hirem Liewen, an där si de meeschte Verännerungen ausgesat sinn, d'Schoul meeschtere mussen, sinn der puer och vu Problemer ofgelenkt.

D'Schoul, Prüfungen an den Drock huelen net onbedéngt Récksiicht op d'Ergoe vun de Schüler. Dat ass awer och doduerch begrënnt, datt d'Schoule meeschtens net wëssen, an net kenne wëssen, wat mat de Schüler lass ass.

Also ass d'Schoul och déi richteg Platz fir de Schüler eng Méiglechkeet ze ginn, déi Depressioun oder schlecht Gefiller ze verschaffen.

Wann een eng néi Strategie aféiere well, déi op d'Wuelergoe vun de Schüler ausgeluecht ass, kennt déi Fro op, wat méi wichteg ass; D'Präventioun oder d'Detektioun?

Béides ass extrem wichteg a keent vu béidem sollt vergiess ginn. Wann et dem Schüler net gutt geet, dann ass d'Detektioun kloer am Mëttelpunkt, mee wann de Schüler sech als frou an zefridden erkläert, dann huet d'Präventioun unhand vun Opklärung a Sensibiliséierung dat grousst Gewiicht. De PNPS seet selwer, datt bei der Depressioun den "dépistage précoce", den "diagnostique" an den "Traitement efficace à recommander" déi Aktioune sinn, deene Generalisten a Psychotherapeuten noginn. Ausserdeem ass d'Präventioun an där Hisiicht och nach wichteg, datt een als normale Mënsch fäeg soll sinn, d'Depressioun bei sech selwer a bei aneren erkennen ze kennen.

D'Essenz vun dëser Petitioun ass déi, datt e Psycholog soll, genausou wei de Schouldokter all zwee Joer an d'Schoule goen an do d'Schüler examinéieren. All Schüler wier obligatoresch 20 Minutten eleng mat dem Psycholog an hätt dann déi Zäit fir him sech entweder unzevertrauen oder net. A béide Fäll kritt en zum Schluss vun der Consultatioun Donnéeë fir ëmmer kenne bei e Psycholog ze goen.

Sou soll e betraffene Schüler erkennen, datt et an der Rei ass, fir mat engem doriwwer ze schwätzen, wei et him geet, an datt professionell Leit do sinn, déi engem nolauschteren.

Sou gëtt bei de Jonken dat Bild, dat psychescht Onwuelsinn an dëser Gesellschaft huet positiv verännert.

Déi genau Argumenter, firwat des Petitioun optimal ass, gi spéider nach opgelëscht a genau erkläert.

Wéi genau géif dat oflafen?

Wéi genau géif dat oflafen?

Um Ufank vum Schouljoer kommen 3 Psychologen an d'Schoulen, wou si sech dann de Schüler präsentéieren a kuerz eppes iwwert sech selwer soen. Optimal wier et och, wann si do schonn iwwert d'Themen Depressioun a Suizid schwätzen an sou schonn eng gewëssen Opklärung bedreiwen. Dono kennen d'Schüler sech bei deem Psycholog androen, bei deem si sech bei der Virstellung am Wuelste gespuert hunn.

Wann dann de Schouldokter bis an d'Schoul kennt sinn d'Psychologen och dobäi. No de physeschen Ënnersichunge gëtt de Schouldokter dem jeeweilege Psycholog seng Auswäertungen an de Schüler kritt 20 Minutten Zäit fir mat dem Psycholog doriwwer ze schwätzen, wéi et him geet.

Et kann awer natierlech och esou gemaach ginn, datt de Psycholog net gläichzäiteg wéi den Dokter kennt. Da wier et esou, datt all Schüler fir 20 Minutten noeneen aus dem Cours geruff gëtt an dono rëm an de Cours geet, sou huet en nëmmen 20 Minutte verpasst an den Enseignant ka säi Cours relativ normal weiderféieren.

Oder dat alles spillt sech ausserhalb vun de Schoulstonnen of, de Psycholog kennt entweder an der Mëttegpaus oder no der Schoul.

An all Fall ass et sou, datt déi dräi Psychologe simultan mat de Schüler schwätzen, also sinn ëmmer dräi Schüler gläichzäiteg drun.

Wann et dem Schüler net gutt geet, da kann en déi 20 Minutten notzen, fir dem Psycholog ze erklären, firwat dat de Fall ass. Dono kritt de Schüler eng Broschür, op där all Méiglech Ulafstellen drop stinn, fir ausserhalb vun der Schoul Hëllef kennen ze kréien.

Hei geet et net onbedéngt dorëms, datt de Psycholog säin "Screening" also eng psychesch Analyse vum Schüler maache kann, mee éischter dorëms, datt de Schüler erkennt, datt et hëllefe kann, sech engem professionellen unzevertrauen.

Wann et him gutt geet, da ginn déi 20 Minutte fir Opklärung a Sensibiliséierung iwwert dat Thema Jugenddepressioun a Jugendsuizid genotzt. Do kéint ee jo villäicht en anstännege Video maachen, deen interaktiv ass, dermat de Schüler konkret an d'Opklärung matagebonnen ass an se sech sou besser verhält.  Dono kritt de Schüler och d'Broschüren, well hien se spéiderhin nach gebrauche kéint.

D'Informatiounen déi de Schoulpsycholog sech notéiert, kenne fir an zwee Joer gehale ginn, mee solle weder direkt un d'Schoul weidergereecht ginn, nach ëffentlech gemaach ginn. D'Informatioune vun deene Consultatiounen ausserhalb vun dësem Rendezvous sollten natierlech genausou wéi all déi aner Informatioune vu psychologesche Patiente gehandhaabt ginn.

Natierlech ass dat heiten nëmmen eng Propose vu mir a schlussendlech verlaangen ech net datt sech doru gehale gëtt. 

Anchor 2
All Argumenter

All Argumenter

1. HEMMSCHWELL

1.  Hemmschwell

 

Et ass ganz wichteg, dass eng betraffe Persoun mat engem doriwwer schwätzt wei et hier geet a sech engem uvertraut. Mee fir dat kennen ze maachen, muss si sech selwer iwwerwannen an dat ass e grousse Schrëtt, dee vill Leit leider net maachen. Doduerch, datt de Psycholog bei si kennt, amplaz datt si bei hie musse goen, wéi et momentan mat dem SePas ass, ass déi Hemmschwell quasi fort. Déi eenzeg Iwwerwannung, déi di betraffe Persoun nach maache muss, ass fir ze erkläre wéi si sech fillt, an net méi déi, fir bis bei e Psycholog ze goen a sou eng Hëllef ze kréien.

2. ET STIECHT EEN NET RAUS

2. Et stiecht een net raus

 

Doduerch, datt all Klassekomerod a Schüler bei dee Psycholog goen muss, ass eng bestëmmten Anonymitéit ënnert der Masse garantéiert. Et stiecht een net raus well een Hëllef sicht, well jo jiddweree bei de Psycholog geet. Sou brauch eng betraffe Persoun sech keng Suergen dorëms ze maachen, datt een aneren eppes matkritt oder si verurteelt gëtt.

3. AUSSERHALB VUN DER SCHOUL

3. Ausserhalb vun der Schoul

 

Ofgesi vun der éischter Rencontre géif all folgend Consultatioun onofhängeg vun der Schoul verlafen. Dëst ass e Virdeel, well de Schüler da ka fräi schwätzen, ouni Angscht ze hunn, datt säi Wuelbefannen a seng Gefiller am Conseil de Classe opkommen. Ausserdeem ass de Schüler net am selwechte Gebai wéi de Psycholog, also huet en keng alldeeglech Konfrontatioun mat där Persoun, där hien sech uvertraut.

Doduerch, datt de betraffene Schüler ausserhalb vu jeglechem schouleschen Gebai déi folgend Hëllef géif opsichen, brauch hien och keng Angscht ze hunn, datt Matschüler et matkréien, well si hie grad am SePas stoe gesinn oder en aus der Klass opgrond vun engem Gespréich rausgeholl gëtt, bzw en an der Klass feelt.  

4. NÄISCHT A SECH ERA FRIESSEN

4. Näischt a sech era friessen

 

Amplaz datt e betraffene Schüler et fir sech behält, wéi et him geet a seng Gefiller, wéi och Problemer an sech ra frësst, erkennt en duerch d'Gespréich(er) mat engem Psycholog villäicht, datt him verschidden Saachen méi um Häerz leien wéi erwaart.

Sou kann en seng Emotiounen konfrontéieren a léiere mat hinnen eens ze ginn, ouni datt se spéider a sengem Liewen opkommen an hien iwwerwältegen.

5.AN DE JUGENDJOEREN FORMT DE CHARAKTER SECH

5. An de Jugendjoeren formt de Charakter sech

 

Wärend der Jugend an an der Pubertéit ass eng Persoun deene stäerksten charakterlechen Verännerungen ënnerluecht. Wann et engem Schüler da scho net gutt geet, dann ass et ganz wichteg, datt en da scho léiert anstänneg mat senge Problemer eens ze ginn. Dat ass en Handwierk, dat de Schüler säi ganzt Liewen laang mat sech droe wäert. A wann en näischt mécht, dann dréit hien seng Gefiller mat sech.

Ausserdeem léiert e Schüler heibäi fir d'Liewen, datt et an der Rei ass fir mat engem ze schwätzen, an datt en dat ëmmer, egal ënnert wéiengen Ëmstänn maache kann.

6.ENG PROFESSIONELL BETREIUNG

6.  Eng professionell Betreiung

 

De Psycholog ass eng ausgebilte Persoun, déi genau weess, wéi se mat engem betraffenen Schüler ëmgoe soll a wat se wéini seet, bzw net seet. Dëst ass vill besser fir de betraffene Schüler, wéi och fir säin Ëmfeld, well en esou eng optimal Ënnerstëtzung kritt.

7.OPGEKLÄERT A SENSIBILISÉIERT

7. Opgekläert a sensibiliséiert

 

An deem Fall wou de Schüler net betraff ass, an awer 20 Minutte muss dobanne bleiwen, kann déi Zäit fir Präventioun a Form vun Opklärung a Sensibiliséierung iwwer D'Themen Depressioun a Suizid genotzt ginn. Sou erkennt hien eventuell spéider fréizäiteg datt et enger anerer Persoun, oder souguer him selwer net gutt geet an et fërdert d'Toleranz an d'Destigmatiséiere vun dësem Beräich.

An de SePas?

An de SePas?

Well grad eben all nächst Consultatioun beim Psycholog näischt méi mat der Schoul ze dinn huet, huet dat ganzt ënnerhuelen net wierklech eppes mat dem SePas ze dinn.

De SePas huet och vill Funktiounen, déi net mat de Funktioune vun dësem Schoulpsycholog iwwereneestëmmen.

Dat sinn des:

- aider les élèves aux choix scolaires;

- participer aux conseils de classe en vue d'assurer le suivi des actions de prise en charge et        d'appui  dont bénéficie l'élève; 

- assister les enseignants lors de la prise en charge d'élèves en difficulté scolaire et d'élèves à besoins     spécifiques; 

- collaborer avec le service de la médecine scolaire; 

                                 

Duerch d'Aféiere vun engem Schoulpsycholog wieren déi aner Funktioune vum SePas weder ersat nach eliminéiert, se wiere just duerch d'Presenz vum Schoulpsycholog gestäerkt.

Zousätzlechen Kommentar

Zousätzlechen Kommentar

Duerch des Petitioun sollen op kee Fall aner Iddien an deem Beräich ausgeschloss ginn. D'Enseignanten kennen zB trotz allem wéiderhi forméiert ginn an d'Aféieren vun engem Schoulfach, dat Empathie, Sympathie an Selbstvertrauen léiert ass och eng Iddi déi lo net duerch des Iddi am Sand verlaafe soll.

Dat bescht wier natierlech, wann een nach vill méi maache kéint. Hei ass eng Opleschtung vunn all den Iddien, deenen ech a menger Recherchezäit iwwert de Wee gelaf sinn, an déi menger Meenung no zousätzlech och nach agefouert kéinte ginn.

 

1. Schoulfach, wei den Lycée des Arts et Métiers et gemaach huet, dat Empathie, Selbstvertrauen, Selbstschätzen an Emgang mat Medien léiert.

2. D'Formatioun vun Enseignanten, well si jo direkt um Terrain sinn, soudass si och, a besser, kennen op d'Schüler agoen.

3. E Jugendzentrum, datt irgendwou an der Staadt, einfach accessibel steet, an deem Psychologen setzen, bei deen d'Kanner gratis an anonym kenne goen, also eng analog Versioun vum Kanner a Jugend Telefon.

4. Mei Opklärung. Professionnell Leit sollen an d'Klasse kommen an de Schüler erklären, datt et normal ass, wann een mat engem Psycholog schwetzt, datt et psychesch Krankheete ginn an datt een Hellef kann opsichen.

 

Des Petitioun geet dorems, datt eppes anstänneges an déi richteg Richtung an dësem Beräich gemaach gett an a mengen Aen ass meng Propose bis elo déi bescht. Mee wann eng besser Alternativ fonnt gett, déi de Schüler, deenen et net gutt geet hëlleft, dann soll déi duerchgesat ginn. Soulang eppes richteges gemaach gett.

bottom of page